D’Sonn als Energiespender

Luxembourg: D’Sonn als Energiespender -The sun as energy booster
Et gëtt Liewen op der Äerd, well d’Sonn eis zwou wichteg Saache liwwert: Wäermt a Liicht. D’Sonn ass also d’Grondlag vum Liewen op eiser Äerd. All Déier an all Bam, all Blumm an all Fruucht ass mat Hëllef vum Sonneliicht entstanen. Ouni Sonn ass d’Liewen op der Äerd net méiglech. Vum Mënsch gouf d’Sonn schonns fréi als Energie genotzt. Säit déi fossil Rohstoffer méi knapp ginn, d’Risike vun der Atomindustrie erkannt sinn an de Bewosstsënn fir eis Ëmwelt klëmmt, gëtt d’Sonnenenergie ëmmer méi wichteg fir de Mënsch.
D’Sonnestrale kënnen a Wärmeenergie ëmgewandelt ginn an d’Sonn kann och Stroum produzéieren. Mat deem leschte Volet Elektrizitéit a Sonn hu mir, d’Schüler vun der Klass 9MO2 a 7MO1 eis beschäftegt an hunn am Kader vun eisem Projet Erasmus+ „ There is something new under the sun“ eng Visite am Musée Tudor zu Rouspert gemaach a probéiert Äntwerten op folgend Froen ze fannen:
Wéi hu fréier d’Handwierker an d’Baueren hir Aarbecht konnte maachen ouni elektresch Maschinnen an ouni elektresch Beliichtung? Wou kënnt d’Elektrizitéit hir? Wat ass Elektrizitéit? Wat huet den Henri Tudor erfonnt?Energie kann ënnerschiddlech produzéiert ginn an ënnerschiddlech ausgesinn. Wat ass den Ënnerscheed tëscht Wiesselstroum a Gläichstroum? Wéi muss e Stroumnetz opgebaut sinn, fir zu jidder Zäit Elektrizitéit kënnen ze liwweren? Wat fir Méiglechkeete gëtt et haut fir Elektrizitéit ze produzéieren?
Sou kënne Solarzellen op dem Dach d’Sonnestralen direkt an elektresch Energie ëmwandelen. Solarzelle fënnt een awer och bäi Täscherechner, Täscheluuchten, Gaardeluuchten, Vëloen, Solarbooter, Autoen a Fliger. Solarzelle bestinn an der Regel aus Silizium. Eng Solarzell wandelt d’Liicht vun der Sonn an elektresch Energie ëm. Fir ze gesinn wéi dës Wandlung vu Solarenergie an elektresche Stroum funktionéiert hu mir eng Solarblumm gebastelt. Mir hu Schabloune op Moosgummi kopéiert fir eis Blumm hirzestellen. D’Solarzell hu mir un de Motor ugeschloss, Plus- a Minuspole verbonnen an den Drot dertëscht festgepecht. Schonns bäi normalem Dagesliicht hu sech eis Sonneblummen dobausse gedréint.


English:
The sun is the basis of the life on the earth. Every animal and every tree, every flower and every fruit has originated with the help of the sunlight. Without sun the life on the earth is not possible, because it donates the necessary light and the warmth. Since the fossil raw materials have become more scarce, the risks of the nuclear industry are being recognized and the environment-conscious rises, the solar energy becomes more and more important.
Sunrays can be converted into warm energy and the sun can generate stream. The students of the class 9MO2 and 7MO1 have delt with the subject the sun and energy and have visited the museum Tudor in Rosport to find an answer to the following questions:
Which forces used the craftsmen and farmers earlier? Where does electricity come from? What is electricity? Electricity can be produced differently and looks different. What is the difference between change stream and direct current? Who was Henri Tudor? Which different possibilities are there today to produce electricity?
Solar cells on the roof can convert the solar irradiations directly into electric energy. This stream is used to look television or to dry your hair. Solar cells also equip pocket calculator, flashlights, garden lights, cars or bicycles. Today solar cells exist of silicon. Silicon is with 25.7 percent the second-most frequent element on the earth. A solar cell changes the light of the sun in electric energy. To see like this change passed, we have made a solar flower. We could ascertain that the flower already turned with normal daylight thanks to the solar engine inside.