Luxembourg: Eine Sonnenuhr im Schulgarten

Eng Sonnenauer an eisem Schoulgaart

TEMPUS FUGIT –  FRUERE HORA

D’Zäit vergeet – genéist all Stonn

 

Brauch de Mënsch haut nach eng Sonnenauer?          Eigentlech net, awer et ass net onwichteg ze verstoe wéi déi Stand vun der Sonn eisen deegleche Rhythmus bestëmmt. Geet d’Sonn op, gëtt et    hell, geet si ënner ass et Nuecht. De Mënsch lieft mat dësem  Wiessel. Den Dag iwwer si mir aktiv an nuets schlofe mir.

Sonnenauere gehéieren zu den eelste wëssenschaftlechen Instrumenter. Gebaut goufe si schonns vun den ale Babylonier, spéider vun de Griichen a Réimer. Si erméiglechen eis d’Zäit tëscht Sonnenopgank a Sonnenënnergang a Stonnen anzedeelen an och d’Joreszäiten ze erkennen, wann d’Sonn ëm déi selwecht Zäit méi oder manner héich steet.

Och zu Lëtzebuerg hu sech Hobbyastronome mat der Léier vun der Gnomonik beschäftegt a richteg Konschtwierker vu Sonnenaueren entworf.

Hei fann Dir e puer vum Architekt Michel Wagner gebauten Aueren. Hien hat sech säit 1974 op d’Konstruktioun vu Sonnenauere spezialiséiert a sech och international e Numm gemaaach. Och op senger eegener Hausfassade zu Beggen hänkt d’Sonnenauer Jang de Blannen, déi hien 1979 entworf hat.

D’Gaardesaison huet erëm ugefaangen a mir beplanzen eis Parzell am Schoulgaart no dem Prinzip vun enger Sonnenauer, esou dat mir d’Auerzäit dobaussen ofliese kënnen. De schwedesche Naturwëssenschaftler Carl von Linné hat schonns 1747 eng Blummenauer, e Blummebeet a Form vun Zifferblat mat 12 Ënnerdeelungen ugeluecht a konnt feststellen dat bestëmmte Planzenzorten nëmmen zu bestëmmten Auerzäite bléien. De Botaniker Linné huet duerfir e Beet a Form vun engem Krees ugeluet. Op déi Plaz, déi bäi 9 Auer läit, huet hien d’Margréitche geplanzt, déi fir dës Auerzäit hir Bléi opmécht. An dat Feld, dat op 5 Auer steet, koum zum Beispill de Mohn, dee vu 5 bis 18 Auer bléit. Fir d’Zäiten 13 bis 24 Auer huet hien e Krees banne gezunn, wou dann d’Planze gesat goufen déi hir Bléien ëm déi Zäit zou maachen. Esou steet de Kürbis op 15 Auer am bannenzéchste Krees, well hie vu 5 bis 15 Auer bléit. Hien huet esou probéiert fir all Dageszäit eng Planz ze fannen fir kënnen a seng Blummenauer ze setzen.

 

 

 

      Sonnenauer zu Déifferdeng

Mir hunn eis e Beet an eisem Schoulgaart erausgesicht dat zu all Dageszäit vun der Sonn beliicht gëtt. Mir hu mat enger Schnouer e Krees an eist Beet gezunn a en hëlzene Stil an d’Mëtt gesat. Spéider soll hei eng Riisesonneblumm de Schied werfen fir d’Auerzäit kënnen ofzeliesen. Fir d’Auerzäite festzeleeën hu mir mat eisem Kompass d’Positioune vu Norden a Süden ausgemooss. Eist Beet hu mir an 12 Andeelungen ënnerdeelt, mat Steng ofgetrennt an hunn en Holzschëld mat der Auerzäit derbäi gesat. An déi verschidden Ënnerdeelungen setze mir Courgetten, Paprika, Muerten, Bounen, Zalot, Kabes, Réidercher a ronderëm planze mir e Krees mat klenge Sonneblummen.

 

A solar clock in our school garden

 The garden season has resumed and we plant our plot in the school garden after the principle of a solar clock, so that we can read the time outdoors.  In 1747 the Swedish scientist Carl von Linné let already cultivate a patch with a flower clock. He made observations when flowers open and close during the day. He put on a circular bed. In the field that is located at 9 o’clock, he planted flowers whose petals open at 9am. In the box that is located at 10 o’clock, he put flowers that open at 10am. So he continued for all flowers.

Linnaeus laid out a second double ring for the periods 13 to 24 pm. Here are the flowers that open at the respective time and the inner ring, the flowers that close at the particular time in the outer ring.

 

Here are some examples:

Opening times of the flowers:

05:00: Pumpkin

05:00: Poppy

05:00: Chicory

09:00: Marguerite

20:00: Evening Primrose

 

Closing times of the flowers

14:00: Chicory

15:00: Pumpkin

16:00: Coltsfoot

17:00: Lily

18:00: Poppy

 

 We have selected in our school garden a patch which is lighted up by the sun at every time of the day. We drew in our patch a circle with a string and put in the middle a wooden handle. Here should grow later a gigantic sunflower throwing the shade for reading the time. To fix the times, we have measured out the north and the south. Our patch is divided into twelve segments, separated with stones of each other and provided with wollden signs with the times. We will plant there courgette, paprika, carrots, beans, salad, cabbage, radish and all around small sunflowers. 

 

Eng Sonnenauer an eisem Schoulgaart