Luxembourg: Echange à Pessac

Pessac 1-0003

Luxembourg: Echange à Pessac

Austausch zu Pessac a Frankräich

Am Kader vum Projet Erasmus+ « There is something new under the sun » sinn eis Schüler Veronike Lourenço Ortigueira a Gian-Vito Rotolo vun der 8MO1, Jenilson Modesto Lopes a Bruno Oliveira Soarses vun der 7MO2 aus dem Régime préparatoire zesumme mat hiren Enseignanten Lydie Gaspar a Charles Biver vum 28. Februar bis de 5. Mäerz op Pessac bäi Bordeaux gereest fir un engem weideren Austausch ronderëm d’Thema Sonn Deel ze huelen. Nieft der franséischer Kultur, der Stad Bordeaux a nei Leit kenne léieren stoungen eng ganz Rei Aktivitéiten zesumme mat de Partner aus Frankräich, Däitschland, Finnland, Italien an Tierkei zu den erneierbaren Energien organiséiert vun der Partnerschoul « Lycée Professionnel Philadelphe de Gerde » um Programm.

De « Lycée Professionnel Philadelphe de Gerde » befënnt sech am Viruert Pessac, eng 40 Minutte mam Tram vu Bordeaux ewech. De Lycée huet ëm déi 500 Schüler am Alter tëscht 14 a 19 Joer. D’Schüler komme gréisstendeels aus der Ëmgéigend. Kommen se vu méi wäit, besteet d’Méiglechkeet d’Woch iwwer am Internat mat enger Kapazitéit fir 70 Jongen a Meedercher ze logéieren. D’Schoul offréiert och Hallef-Pensioun. De Stonneplang ass vun 8h15 bis 12h10 a vun 13h30 bis 17h25 vu Méindes bis Freides.

D’Schoul bidd Formatiounen am Industrie- an am Secteur Tertiaire/Servicer un. D’Schüler kënne e Bac professionnel iwwer 3 Joer ganz an der Schoul maachen zum Beispill an der Electrotechnique, Technique du Froid et Conditionnement de l’air, Pilotage de ligne de production, Maintenance des systèmes énergétiques et climatiques wéi och an der Vente an am Commerce de détail.

D’Schoul bidd awer och eng 3ième Prépa-Professionnelle un, déi sech un d’Schüler vun der 4ième aus dem Collège riicht. D’Schüler gi fréizäiteg aus dem Collège eraus geholl an an dëser Klass ob e méigleche Beruffswee hin orientéiert. D’Basiswësse gëtt opgeschafft an de Schüler gi besser Léiermethode vermëttelt an organisatoresch Hëllef ugebueden. Dës Schüler ginn duerno op e CAP (Certificat d’aptitude professionnel) hin och an deenen zwee genannten Domainer hin orientéiert. E CAP geet iwwer 2 Joer mat der Méiglechkeet herno de Bac professionnel unzefänken.

Eis Schüler goufe bäi hirer Urees Sonndes zu Bordeaux ganz häerzléch vun hire Gaaschtfamilljen wou si eng Woch laang ënnerbruet waren, empfaangen a konnten esou den Alldag bäi hinne materliewen.

Méindes 29. Februar hu mir all nodeems mir vun dem Här Direkter M. Andro empfaange goufen, eng Visite vun der Schoul gemaach. No dem gemeinsame Mëttegiessen an der Schoul hu mir un zwee Atelieren zu erneierbaren Energien a Bau vun engem Passivhaus presentéiert vun der Associatioun CREAQ (Centre régional d’éco-énergétique d’Aquitaine), déi Ëmweltberodung fir Privatleit a Betriber ubitt, Deel geholl.

Dënschdes 01. Mäerz konnten eis Schüler um regulären Unterrecht am Franséischen, der Geschicht an der Mathé Deel huelen. Nomëttes hunn all Korrespondenten a franséisch Schüler aus de Gaaschtfamillje mat den Enseignanten eng organiséiert Visite guidée vun der Stad Bordeaux gemaach.

Mëttwochs 02. Mäerz stoung als éischt eng Visite vun der Chocolaterie artisanale Aliénor um Programm, duerno eng Visite guidée zu Arcachon, presentéiert vu Schüler aus enger lokaler Hotelsschoul an d’Visite vun der Dune du Pilat, der héchster Dune an Europa.

Donneschdes 03. Mäerz hunn d’Schüler am Musée Cap Sciences u verschidden Ateliere konnten Deel huelen : eng Sonnenauer bauen, d’Sonn beobachten an e Solaruewen ausprobéieren. Duerno gouf zesumme mëttes giess mat uschléissender Chasse au trésor a Bordeaux. Owes stoung du nach déi grouss Ofschlossparty am Lycée um Programm.

Freides 04. Mäerz hunn d’Schüler de Bilan gemaach vun der Woch an a Gruppen eng Powerpoint zu den Aktivitéiten erstallt a presentéiert. No dem Mëttegiessen an der Schoul stoung de Nomëtteg fräi fir mat de Gaaschtfamillen hir fräi Zäit ze genéissen éier et Samschdes erëm op den Heemwee goung.

D’Enseignanten aus de verschidde Partnerlänner hunn sech dernieft an der Schoul getraff,fir de Bilan ze maachen, gemeinsam festzehale wat opsteet a gemaach muss ginn an zesumme mat de Schüler d’Stad an déi verschidden Aktivitéiten entdeckt.

Echange a Pessac

Hei e puer Fotoen zu dësem flotten Treffen :