Luxembourg: Kiitos to Finland!

Finnland 5

Luxembourg: Kiitos to Finland!

 

MERCI u Finnland! 

Am Kader vun eisem Projet Erasmus+ « There is something new under the sun » konnte mir, Noémie Dias, Virgil Engel, Daniel Malheiro a Franco Orsino vun der Klass 9MO2 zesumme mat eisen Enseignanten, Lydie Gaspar a Charles Biver, un engem Austausch a Finnland  vum 08. bis de 14. Februar 2015 Deel geholl.

Nieft eiser Gaaschtfamill, enger anerer Kultur, d’Land Finnland, der Stad Kuopio, der Schoul Hatsalan Klassillinen Koulo an de ville neie Leit kenne léieren, hu mir den Dag iwwer an der Schoul um Unterrecht Deel geholl.

Mir haten als Aufgab a gemëschte Gruppen mat Schüler aus verschiddene Länner am Science-Unterrecht d’Phänomen Dag a Nuecht duer ze stellen an d’Nordliichter a Form vu Puzzel ze entdecken, an der Mathé eist Planéitesystem an de Weltraum moossstabgerecht mat Loftballonen a Pappmaché nozebauen an an de Sproochen e Video-Dictionnaire ronderëm d’Sonn an Alldagsituatiounen op alle Sproochen ze entwerfen.

Zesumme mat den Austauschschüler aus Däitschland, Frankräich, Italien, Türkei hu mir awer och d’Land, d’Kichen a Gewunnechten vun de Finnen entdeckt : d’Sprungschanz vu Pujo besicht, en Eishockeymatch verfollegt, e Saunagang mat uschléissendem Andauchen am zougefruerene Séi ënnerholl, Schlitt a Schlittschong gefuer, um Séi e Feier gemat a gegrillt, vun Hierke bis Elchragout konnten déi lokal Kiche schmaachen, eng Forschungsstatioun mat integréierter Schoul fir nei Beruffer am Energiesektor besichen an un enger Ofschlossfeier an engem Premier Bal an enger weiterbildender Schoul Deel geholl.

Et war zäitwäiss eng grouss Erausfuederung fir eis sech un alles ze gewinnen awer eng immens flott Woch, wou mir vill nei Erfahrungen mat heem geholl hunn.

No eisem Austausch a Finnland krute mir dann och d’Geleeënheet eis Rees an de Projet a verschidde Klasse virzestellen.

Hei de Link op der Presentatioun: https://prezi.com/rurbfehb9ig5/kopie-von-world-geography/

Weider Fotoen an Aktivitéite ronderëm de Projet fann Dir och op eisem Blog: www.ltbnews.wordpress.com

Noémie, Daniel, Franco a Virgil

Klass 9MO2

Lycée technique de Bonnevoie